Zesummenaarbecht

Centre d'Intervention Commune Parc Hosingen

An der Zäit waren d' Rettungsdéngschter an 3 Sparten agedeelt. Dëst waren den Secourisme fir déi medezinesch Hëllef an den Rettungsdéngscht oder och Sauvetage genannt, déi iwwert Protection Civile vum Stad verwalt goufen, an d’ Pompjeeswiesen, deen iwwert eent Gesetz un den Gemengen ugegliddert waren.  

Och wann haut vill vun Fusiounen an Reformen am allgemengen Rettungsdéngscht geschwat gëtt, hunn mir schonn am Joer 2013 ugefaang zesummen ze schaffen. Schliisslech hunn mer déi 2 Sparten ënnert engem eenzegen Daach. Dass déi 2 Servicer, d.h. déi gemenge säitlech Pompjeeën an deen staatlech geféierten “Sauvetage”, sech an hirer Aarbecht staark ergänzen, ass et mëttlerweil just nach 1 Service an eisen Aen. Aus deem Grond hunn mir och lo eng gemeinsam Permanence-Lëscht fir déi zwee Servicer, wou mir eis och als “Service d’Incendie et de Sauvetage” bezeechnen.

 

 

© CENTRE D’INTERVENTION DE LA COMMUNE PARC HOSINGEN