Mir stellen eis vir

Centre d'Intervention Commune Parc Hosingen

An dëser Rubrik wëllen mir, d’ Rettungsdéngschter aus der Gemeng Parc Housen, eis mol eng Kéier e bëssen virstellen:

D’ Gemeng Parc Housen ass no den Gemengewalen am Oktober 2011 duerch d’ Fusioun vun den Gemengen Housen, Konstem an Houschent entstan. Fir den Bierger aus dëser néier Gemeng e bessere Service an Noutsituatiounen bidden ze kënnen, hunn d’ Rettungsdéngschter aus deenen 3 Gemengen zesummen mam Asazzenter Housen vun der Protection Civile bal zäitgläich een gemeinsamen Wee fonnt. Vun dëser Zäit heescht et: “Op Féier a Plo, mir sinn fir Eech do...”

Fir dat mir Iech kennen hëllefen, brauchen mir sou munches. Sief et Gefierer mat vill techneschem Geschir oder mat Plaz fir eis leit op d’ Plaz ze féieren, mee virun allem motivéiert Leit déi gewëllt sinn hir Fräizäit ze afferen fir hir Matbierger.

Mee domat net genuch: et geet och nach vill Zäit drop fir Ausbildungen an deenen verschiddenen Beräicher, op theoretesch oder praktesch.

 

© CENTRE D’INTERVENTION DE LA COMMUNE PARC HOSINGEN