Aufgaben erkläert

Centre d'Intervention Commune Parc Hosingen

Op dëser Säit wëllen mir Iech eis spannend an ofwiesselungsräich Aarbecht méi no bréngen. Et ënnerscheet een eis Aufgaben an medezinesch an technesch Asäz, mee awer och d’ Brandbekämpfung.  

Deen gréissten Deel vun eisen Asäz am medezineschen Beräich. Mat eisen 2 Ambulanzen fueren mir Dag a Nuecht bis zu 1000 Mol op méi oder manner schwéier Asäz/Joer.

 

„Retten-Löschen-Bergen-Schützen“

Dësen Sproch vun eisen däitschen Pompjeeskollegen trëfft och am Groussen a Ganzen nët nëmmen op d‘ Rettungsdéngschter aus der Gemeng Parc Housen, mee awer och aus dem ganzen Groussherzogtem zou.

D’ Geschicht vun den Pompjeeën geet bis op d’ Zäit vun de Réimer zréck. Den Kampf géint Geforen, déi duerch Bränn entstanen sinn, sinn deemools schonn als Noutwennegkeet erkannt ginn.  Eréischt ewéi d’ Bierger sech nët méi alleng op hir Obregkeet verloossen an hiirt Schicksal selwer an der Hand halen wollten, konnten sech d’ Virgänger vun den fräiwëllegen Pompjeescorpsen grënnen.

Dës virun Jorhonnerten entstanen Aufgab ass haut nach eng wesentlech Aufgab vun den Pompjeeën, obwuel sech Technik, d‘ Ausrëschtung an Ausbildungen un déi heiteg Geforen an eiser Gesellschaft ugepasst hunn. Obwuel d’ Zuel vun den rengen Brandasäz goung an geet mat der Zäit erof. Dëst gëtt awer duerch eng wuessend Zuel vun Rettungs- an Hëllefleeschtungsasäz erëm opgefaang. Déi faalend Brandasäz, bedingt duerch ëmmer méi streng Virschrëften an der Brandsëcherheet, ginn an der heiteger Zäit d’ Zuelen all Joer duerch ëmmer méi Asäz vun anerer Natur bei Verkéiersaccidenter an aneren Persounen oder Déieren a Nout éischter no uewen.

 

 

 

 

 

 

 

© CENTRE D’INTERVENTION DE LA COMMUNE PARC HOSINGEN